Roulez pour la SEP 2013 (écrit par Alain Kleeblatt )
Wat 2009 mat engem einfachem Guidage sollt ugoen, ass e feste Bestanddeel am Programm vum Moto Club Kayldall ginn: de „Roulez pour la SEP“, iwwersat eng Solidaritéitsaktioun mat den Associatiounen a Fondatiounen déi sech ëm déi Leit bekëmmeren déi mat Multiplersklerose geplot sinn. Net manner wéi 47 ageschriwwe Motosfuerer ware mat um Tour, awer och um Grillfest um Bill wou et zou flotte Begéinungen komm ass.
Net nëmmen e Chèque vun Ronn 500 €, mä och geliefte Solidaritéit: ënnert dësem Motto stoung den Tour „Roulez pour la SEP“, organiséiert vum Moto Club Kayldall. Vu 9 Auer un sinn déi éischt Participanten am Garage Georges zu Miersch agetraff, wou de Patron sech e net ze schued war fir selwer Hand unzeleeën beim Kaffi a beim Croissant! Lues a lues huet d’Lëscht mat den Aschreiwungen sech gefëllt, genau wéi d’Kees déi fir dës Manifestatioun opgestallt gouf.
Nodeem déi lescht Nachzügler agetraff waren huet de President Alain Roudenbour de Peloton vu bal 40 Motoen ugefouert, mat enger Schläif duerch den Zentrum vum Land wou et dorëms gaangen ass dem Tour de Luxembourg mat de Vëloen aus de Féiss ze kommen.
Pénktlech fir d’Mëttegiessen sinn d’Motosfuerer am Bill, an der Gemeng Béiwen-Atert, u komm wou déi Fräiwëlleg mat der Preparatiounen vum MS-Grill um Bill schonns voll am gaang waren. Mä et huet sech net nëmmen ëm de Ravitaillement gedréint, et koum och zu flotte Begéinungen mat de Leit am Rollstull, hire Familljememberen an hire Betreier. Et wor och fir en Rei Motosfuerer d’Geleeënheet den Dages- a Vakanzzentrum um Bill ze erliewen, wou Kranker mat Multiplersklerose en Ënnerdaach hunn.
No der Familljefoto an der Iwwerreechung vum der Enveloppe mat der Spent sinn d’Motosfuerer nees op den Tour gaangen, mat zwee ongehofften Arrêten: een fir d’Sportler um Vëlo laanscht ze loossen, en zweeten wëll et méi Virsiichteg war, engem Trap Kéi d’Virfaart ze loossen! Zréck um Bill ass de Nomëtteg am Dialog mat de Leit vun der MS-Liga ofgeklongen.
- Link: Moto Club Kayldall