Visite vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine
Den 13. Oktober 2014 war eng Delegatioun vum Comité MSL op Invitatioun vum Professer Rudi Balling op Visite am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Uni Lëtzebuerg, Site Esch/Belval.
De Professer Balling an den Dr Lamesch hunn eis een interessante Virtrag iwwert de Fonctionnement (150 Employéen) vun hirem Centre gehalen, erkläert dass si Fuerschung am neurodegenerative Beräich maachen, ënner anerem iwwer Parkinson. Si hunn eis d’Wichtegkeet vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg erkläert a wéi d’Finanzlag vun der Recherche zu Lëtzebuerg ausgesäit, wat hir Schwiregkeeten vun der Fuerschung am Zesummenhang mat dem Patient a senge Rechter sinn
Zum Schluss huet den Dr Jens Schamborn eis säi Laborartoire presentéiert an eis am Mikroskop Beispiller vun der Zellfuerschung gewisen.

UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG
LUXEMBOURG CENTRE FOR SYSTEMS BIOMEDICINE
Campus Belval | House of Biomedicine
7, avenue des Hauts-Fourneaux
L-4362 Esch-sur-Alzette

Visite vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine